Mir setzen eis a fir déi, déi eis Hëllef am meeschte brauchen.
Kazen, Kanéngercher a Mierschwéngercher gi vum Privaten Déiereschutz a.b.s.l. opgeholl. Mir kënne keng Honn oder aner Déieren ophuelen.
Wichteg Iwwerleeung
Bevir der en Déier adoptéiert, iwwerleet Iech et gutt a sidd Iech bewosst dat Déier nieft vill Freed awer och Verantwortung an Aarbecht mat sech bréngt. Et ass natierlech och e finanziellen Engagement. Nieft de Käschte fir Fudder kënnen och séier héisch Veterinärskäschten dobäi kommen. Wann der a Vakanz fuert, brauch der och en den no den Déiere kuckt.
Kastratioun/ Identifizéierung
Laut dem Déiereschutzgesetz ass et obligatoresch Kaze kastréieren/steriliséieren ze loossen an se ze chippen. Et ass awer och wichteg dat de Chip vum Veterinär ugemellt gëtt. An wann Donnée vum Besëtzer änneren, déi och beim Chip geännert ginn.
SteCHWIEDer
De Privaten Deiereschutz Asbl am IwWerbleck
1991: Grënnung
3 Persounen grënnen ee Verein mam Numm Privaten Déiereschutz
1992: ASBL
De Privaten Déiereschutz gëtt eng ASBL
2012: Utilité publique
Arrêté Grand-Ducal an deem de Privaten Déiereschutz als „utilité publique“ unerkannt gëtt. Vun deem Dag u kënnen d’Leit hir Don’e vun de Steieren ofsetzen.
Fleegefamilljen
2 Familljen déi permanent Kazen hunn 3-4 Familljen déi Kleng Kazen ophuelen 1 Famill fir Kanéngercher 1 Famill fir Mierschwéngercher
Kazen afänken
Verwëldert Kazen afänke fir ze kastréieren. No der Kastratioun, ginn se da rëm zeréck op Platz bruecht.
Allgemeng Hëllefen
Hëllefen an der Haaptfleegefamill fir d’Kaze propper ze maachen asw. Hëllefen op Verkafsstänn an op eisem grousse Bazar.