Halsband fir éng Kaz ???

Mir roden de Leit emmer of, hirer Kaz een Halsband unzedin.
Hei sin e puer Beispiller fir op d'Gefor hinzeweisen, wat duerch een Halsband ka geschéien.

Kazen hun immens gelénkeg Patten, vill méi flexibel wéi den Hond, an doduerch vill méi Gefor ausgesat.
Mam Halsband an énger Héck hänke bleiwen as de Risiko minimal, wäll de Verschluss opgeet an d'Déier lass as.
Vill méi oft stecht d'Kaz d'Patt duerch d'Halband an zitt der an de Mond, wouduerch se sech d'Mondwénkelen opschneid awer nach heem geet.
Dat schlemmst wat ka geschéien as dass se d'Patt ganz duerch d'Halsband stecht, d'Halsband as ennert énger Scheller festgeklemmt a schneit d'Haut op. D'Déier geet sech verstoppen wäll et emmer méi déif schneit a bei all Bewegung schrecklech wéih deet. Oft gin déi vill ze spéit fond a kennen net méi gerett gin.

Onsen éischten Ongléckskueder hat déi riets Patt duerch d'Flouhband gestach, wat him Schnettwonnen bis un d'Schanken ennert der Scheller gemaach huet. Hien hat sech op ee Schapp verkroch an as dank der opmierksamer Hausbewunnerin net erhéngert an erdiischtert.
Mit hun dee verschoterte Kärelchen mat éngem Netz agefaang krit. D'Flouhband war och iwer de Réck an d'Repper schon zum Deel agewues. No 2 Operatiounen si séng Wonne komplett verheelt an e konnt nees normal liewen.