Halsband fir éng Kaz ???

Mir roden de Leit ëmmer of, hirer Kaz een Halsband unzedinn.
Hei sinn e puer Beispiller fir op d’Gefor hinzeweisen, wat duerch een Halsband ka geschéien.

Kazen hunn immens gelenkeg Patten, vill méi flexibel wéi den Hond, an doduerch vill méi Gefor ausgesat.
Mam Halsband an enger Heck hänke bleiwen ass de Risiko minimal, well de Verschloss opgeet an d’Déier lass ass.
Vill méi oft stécht d’Kaz d’Patt duerch d’Halsband an zitt der an de Mond, wouduerch se sech d’Mondwénkelen opschneit awer nach heem geet.
Dat schlëmmst wat ka geschéien ass dass se d’Patt ganz duerch d’Halsband stécht, d’Halsband ass ënnert enger Schëller geklemmt a schneit d’Haut op. D’Déier geet sech verstoppe well et ëmmer méi déif schneit a bei all Beweegung schrecklech wéi deet. Oft ginn déi vill ze spéit fonnt a kennen net méi gerett ginn.

Onsen éischten Ongléckskueder hat déi riets Patt duerch d’Flouhband gestach, wat him Schnattwonne bis un d’Schanken ënnert der Schëller gemaach huet. Hien hat sech op ee Schapp verkroch an ass dank der opmierksamer Hausbewunnerin net erhéngert an erdiischtert.
Mir hunn dee verschoterte Kärelche mat engem Netz agefaang krit. D’Flouhband war och iwwer de Réck an d’Rëpper schonn zum Deel agewuess. No 2 Operatiounen si seng Wonne komplett verheelt an e konnt nees normal liewen.