Generalversammlung 26. Abrël 2026

Generalversammlung 2026

De 26. Abrëll 2026 huet de Privaten Déiereschutz a.s.b.l. seng Generalversammlung an der Aaler Schoul zu Iernster ofgehalen. D’Verantwortlech hunn all deene Merci gesot, déi de Veräin am Laf vum Joer mat Zäit, Materialspenden oder finanzieller Ënnerstëtzung ënnerstëtzt hunn.

De Privaten Déiereschutz schafft weider ausschliisslech mat private Fleegeplazen. Fir Kaze stinn zwou permanent Fleegefamilljen an zousätzlech Plaze fir Klenger zur Verfügung. Och fir Kanéngercher a Mierschwéngercher gëtt et engagéiert Fleegefamilljen, obwuel de Besoin un neie Plaze grouss bleift. Gläichzäiteg sicht de Veräin weider Benevollen.

Am Aktivitéitsbericht 2025 gouf däitlech, wéi vill Aarbecht hannert dem Engagement vum Veräin stécht. Nieft der Generalversammlung an dräi Komiteessëtzungen huet de Privaten Déiereschutz u ville Manifestatiounen deelgeholl, dorënner Verkafsstänn, Kiermessen, Braderien, de Bazar an d’Walfer Bicherdeeg. Esou konnte Sue gesammelt an d’Bevëlkerung fir den Déiereschutz sensibiliséiert ginn.

Och d’Zuele vum Joer 2025 weisen den Ëmfang vun der geleeschter Aarbecht. Insgesamt goufen 408 Déieren opgeholl a versuergt. Dovun:

  • 254 Kazen
  • 91 Kanéngercher
  • 49 Mierschwéngercher
  • 126 weider Mierschwéngercher aus enger grousser Opnam zu Viichten
  • 2 Deguen, 6 Mais a 6 Gerbillen

E weidere Schwéierpunkt bleift d’Kastratiounskampagne. Am Joer 2025 huet de Privaten Déiereschutz insgesamt 561 Kastratioune finanzéiert:

  • 281 Kazen
  • 223 Kuederen
  • 37 Kanéngerchersbéck
  • 20 Mierschwéngercher

De Veräin huet betount, datt dës Aktiounen ee vun de wichtegste Mëttele sinn, fir d’onkontrolléiert Vermehrung vu Streuner an domat Déiereleed ze verhënneren. Och schwéier Fäll vu vernoléissegten oder ausgesaten Déieren hunn de Veräin am Laf vum Joer staark gefuerdert.

Am Kader vun der Generalversammlung gouf och de finanzielle Bilan vum Joer 2025 presentéiert. Déi gréissten Ausgabeposte waren d’Käschte fir Déierendokteren (128.546,56 Euro) an d’Fudder (85.188,02 Euro). Déi vill Spenden, Adoptiounen an d’Recettë vun de Manifestatioune bleiwe fir d’Aarbecht vum Veräin onersetzlech.

Fir 2026 steet nees e ganze Programm u Manifestatiounen um Kalenner. De Veräin wëll domat Sue fir seng Déierenaarbecht sammelen an de Kontakt mat der Bevëlkerung weider stäerken.

Am Ofschloss vun der Generalversammlung huet de Privaten Déiereschutz seng wichtegst Uleies nach eng Kéier ervirgehuewen De Veräin erënnert drun, datt no der geltender Gesetzgebung all Kaz muss gechippt ginn an dass Fräigängerkazen obligatoresch kastréiert oder steriliséiert musse sinn. An dësem Beräich wier nach vill Opklärungsaarbecht néideg. Fir villen onnéidege Misär auszeschléissen an eng weider Kazeschwämm ze ënnerbanne wär et ubruecht, d’Kazen ze kastréieren amplaz all Mudder jéngeren ze loossen.

Zum Ofschloss huet de Privaten Déiereschutz nach eng Kéier  alle Benevollen, Memberen, Donateuren a Gemengen merci gesot. D’Generalversammlung huet gewisen, wéi vill Engagement hannert der deeglecher Aarbecht fir Déieren an Nout stécht.

De Comité setzt sech zesummen aus: 

BRACONNIER Michèle
BRAUN Chantal
CONTER Tania
DA SILVA Sandra
WALSDORF-FICHANT Marcelle
WAGNER -GLODT Françoise
LAUTERBACH Patricia
HEINEN-MERCY Marie-Anne
WELTER Carine