Stereo
Stereo

Informationen

De Stereo ass e scheie Kueder deen ongeféier 1,5 Joer al ass. Hie liewt am Moment mat 4 anere Kazen an engem Mupp zesummen, wat him awer net esou gutt gefällt. Hien ass e klenge Sensibelchen a léisst sech zimmlech schnell ënnerbotteren. Hien ass sech ganz onsécher a verstoppt sech vill, well déi aner Kazen him ze wëll sinn. Hie géif sech een Doheem wënschen, wou hien Eenzelprënz dierf sinn a gutt verwinnt gëtt. Hien kéint och eventuell bei eng roueg, net dominant Éischtkaz vermëttelt ginn. Seng zukünfteg Mënsche brauche Gedold, Verständnis an eng roueg Art a Weis, da kann hien och weisen, dass hien eigentlech eng rieseg Schmierpan ass. Am léiwsten géif hien an en Haushalt ouni Kanner kommen, well him schnell Beweegungen an haart Geräischer och guer net geheier sinn. Hien ass als Hauskaz gewinnt a géif dat och gäre bleiwen. E gesécherte Balkon oder e Fënsterbried mat Méckegitter geet him duer fir eraus ze kucken.

34 85 01 oder 691 995 363

deiereschutz@pt.lu

Diese Tieren suchen ebenfalls ein Zuhause :

EKH

EKH

EKH

EKH