
Mia
- Alter : 5 Joer
- Rasse : Bengal
- Geschlecht : weiblech
- Info : kastréiert, geimpft a gechipt an tätowéiert
- Adoptionsgebühr : 150 €
Informationen
D’Mia ass mat senge 5 Joer schon oft hin an hir gereecht ginn, ëmmer nees als Gesellschaft fir eng aner Kaz.
Hat ass awer een absoluten Eenzelgänger a wëllt seng Mënsche mat kengem deelen. An hat weist dat ganz kloer a setzt sech vehement géint all aner Kaz duerch.
D’Mia brauch eng léif Famill déi him ee schéint Doheem mat vill Plaz a Fräigang bidde kann. An et net deeglaang eleng léisst wäll et gär mat hinnen zesummen ass.
Soubal et sech wuelfillt genéisst et geschmust a geheemelt ze ginn, awer wann hat dat décidéiert.
Et ass eng ganz schéin Kaz, awer dat soll wirklech net den Ausschlag sinn fir et z’adoptéieren. D’Mia ass wirklech keng Kaz fir Ufänger.