
FILOU
- Alter : 3-4 Joer
- Rasse : EKH getigert-weiss
- Geschlecht : männlech
- Info : kastréiert, geimpft a gechipt an tätowéiert
- Adoptionsgebühr : 150 €
Informationen
Ech sin den Filou, ee kräftege Kärel den bis elo net emmer Schéines erliewt hat. Ech war zougelaaf an keen huet mech vermësst. Ech hat eng Patt gebrach mee dei ass mettlerweilen erëm geheelt.
Den Déierendokter hat awer och 2 Kugelen vun engem Loftgewier entdeckt. Durfir ass et och kee Wonner, dass ech mësstrauesch géintiwwer Mënsche sin, obschon ech lo schon seit engem Joer näischt Schlemmes méi erliewt hun.
Ech sin top fit a spillen wéi en jonken Borscht, gin och gär geheemelt mee ech soen direkt wann et duer geet domadder.
Ech wär gudd bei Kazenkenner opgehuewen, déi d’Erausfuederung unhuelen an mir en gemittlecht Doheem mat Gaart können bidden.