
Simba
- Alter : 5-6 Joer
- Rasse : Laanghäreg
- Geschlecht : männlech
- Info : kastréiert, geimpft a gechipt an tätowéiert
- Adoptionsgebühr : 150 €
Informationen
Dëse Prachtkueder war zougelaf, komplett ofgemoert, net kastréiert an immens schei.
Kazefrënn konnte säi Vertraue gewannen an hunn en an hirem Haus opgeholl, wat hiren 2 eeleren Hauskazen natierlech guer net gefall huet.
De Simba ass wirklech kee fir Ufänger. Hie brauch richteg Kazekenner déi him déi néideg Zäit loosse fir sech kennen ze léieren an Zoutrauen ze fannen.Mat Gedold a Fangerspëtzegefill wäert hir sech bestëmmt mat sengen neie Mënschen ufrënnen.